De “Professional Learning Community for MathemaTIC” Projet (Am Folgende “PLC for MathemaTIC” genannt) konzentréiert sech haaptsächlech op d’Zesummenaarbecht tëschent den Enseignanten.
Firwat?
“PLC for MathemaTIC” familiariséiert Iech mat der elementarer a mat der avancéierter Benotzung vun der digitaler MathemaTIC Léierplattform. Déi praktesch Applicatiounen benotzen Beispiller vum MathemaTIC Programm. “PLC for MathemaTIC” hëlleft Iech weiderhin derbäi op eng efficace Aart a Weis an Équipen, wéi d’ “équipes pédagogiques” zesummenzeschaffen.
Wéi?
“PLC for MathemaTIC” implementéiert eng nei Approche doduerch, datt d‘Programm ausschliisslech online ugebuede gëtt. Dir kënnt Iech, jidder Zäit an no Ärem eegene Rhythmus, mat Äre KollegInnen an Ärer Schoul treffen an als Grupp un de Sessiounen deelhuelen.
Et geet dorëms mat der ganzer Équipe erauszefannen, wéi duerch dës gemeinsamen Projet eng gréisser Satisfactioun an Äre professionellen Aktivitéite ka fonnt ginn. Dofir verfollege mir Är Erfahrung mat Hëllef vun engem Fuerschungsprogramm a versichen, Iech all d’Informatiounen an all Hëllef zur Verfügung ze stellen.
Entwécklung?
Dës “PLC for MathemaTIC” innovativen Projet gouf vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat der MathemaTIC Équipe an dem LISER entwéckelt. Am Programm ginn Fuerschung, Politikgestaltung an innovativ Praxis ugeschnidden. “PLC for MathemaTIC” gëtt vum IFEN ugebueden a gouf mat der Ënnerstëtzung vum Service DPAV vum SCRIPT entwéckelt.
Fir weider Informatiounen iwwer de “PLC for MathemaTIC” Programm, kuckt Iech wann ech gelift dëse Video un:
“PLC for MathemaTIC” ass eenzegaarteg well e speziell vun lëtzebuerger Enseignanten a Pädagoge ausgeschafft gouf fir der berufflecher Weiderentwécklung vun den Enseignanten um Terrain entgéintzekommen.
Déi eenzel Memberen aus eiser Équipe bréngen hir eege wäertvoll Erfahrungen a punkto Bedierfnesser, Erwaardungen a Limite vun der Zesummenaarbecht als Équipe an de Schoule mat an de Projet. Si bréngen sech mat hire spezifesche Kenntnësser am Beräich vun der Formatioun vu professionelle Gemeinschaften an den theoreteschen Inhalter an der Betreiung an, déi néideg si fir sech dës Kompetenzen unzeeegnen.
Standuert:
Dauer:
Zilgrupp:
Organisatioun:
Bedéngungen:
Sessioun 1 (Januar) – Introduktioun
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 2 (Februar) – Gemeinsam Zilsetzung
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 3 (Mäerz) - Kollektiv Responsabilitéit fir d’Léierverhale vun de SchülerInnen
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 4 (Abrëll) – Gemeinsam professionell Praxis
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 5 (Mee) – Kollaborativ Aktivitéit
Objektiver:
Inhalt:
Kompetenzen:
Sessioun 6 (Juni) – Reflektéierten Dialog
Objektiver:
Inhalt:
Kompetenzen:
Et ass wichteg, datt d’Enseignanten sech mat esou vill wéi méiglech KollegInne vun hirem Cycle zesummen aschreiwen.
Wann Dir drun interesséiert sidd, als Grupp an Ärer Schoul matzemaachen, fëllt wann ech gelift dëst Aschreiwungsformular aus.
Esoubal Dir d’Aschreiwungsformular ausgefëllt an zeréckgeschéckt hutt, lancéiert den IFEN d’Aschreiwungsprozedur fir Är Schoul, wou Dir Iech dann individuell aschreiwe musst. Mir schécken Iech eng E-Mail op déi Adress, déi Dir am Formular uginn hutt an erklären Iech, wéini a wéi Dir Zougrëff op d’IFEN-Websäit kritt fir Iech individuell fir dës Formatioun anzeschreiwen.
Mir freeën eis drop, mat Iech zesummenzeschaffen!